# Waldag

Den Dag vun de Walen ass jiddereen, dee sech an d’Wielerlëschte vum Grand-Duché agedroen huet, opgeruff, stëmmen ze goen a seng politesch Vertrieder ze wielen. Ech muss wiele goen, wann ech mech op eng Wielerlëscht agedroen hunn.

Jepeuxvoter.lu
  • Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn.
  • D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.

Den Dag vun de Wale muss ech:

  • Tëschent 8.00 a 14.00 Auer an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn, goen.
  • E gültegt Ausweisdokument (Carte d’identité, Pass, Openthaltsgeneemegung oder Openthaltskaart) mathuelen.
  • Duerno muss ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.
  • Wéivill Memberen ee Gemengerot huet, hängt vun der Unzuel vun den Awunner vun enger Gemeng of. Je no Awunnerzuel kënnen et 7, 9, 11, 13, 15, 17 oder 19 Memberen an engem Gemengerot ginn. An der Stad Lëtzebuerg sinn et der 27.

All d’Walbüroe maachen um 14 Auer zou.

#Bréifwal

Ech kann eng Demande fir d’Bréifwal maachen.

D’Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech agedroe sinn:

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn,
  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.
  • Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal online op MyGuichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder op engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).
Jepeuxvoter.lu
Jepeuxvoter.lu

# Walsystem

Fir d’Gemengewale ginn et 2 Walsystemer:

1. An enger Gemeng mat manner ewéi 3.000 Awunner

  • An de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt no dem System vun der relativer Majoritéit („Majorzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi an de Gemengerot gewielt musse ginn.
  • Ech gi meng Stëmm of, andeems ech e Kräiz (+ oder x) an d’Case no dem Numm vun engem oder méi Kandidate maachen, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.

2. An enger Gemeng mat iwwer 3.000 Awunner

  • A Gemenge mat mindestens 3.000 Awunner gëtt mat Lëschten an engem proportionale Walsystem („Proporzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi gewielt musse ginn.
  • Ech kann all Kandidat eng oder zwou Stëmme ginn, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
  • All Kräiz (+ oder x) an enger vun den zwou reservéierte Casen hannert dem Numm vun de Kandidaten entsprécht enger Stëmm fir dëse Kandidat.
  • Ech kann och panaschéieren*, dat heescht, ech verdeele meng Stëmmen op déi verschidde Kandidaten aus de verschiddene Parteien. Ech kann all Kandidat 1 oder 2 Stëmme ginn.
  • Ech kann och déi ganz Lëscht vun enger politescher Partei wielen, andeems ech mäi Kräiz (+ oder x) an d’Case direkt ënnert den Numm vun der politescher Partei maachen. Esou kritt dës politesch Partei all meng Stëmmen.

Saeul

Wahl

Putscheid

Grosbous

Kiischpelt

Fischbach

Waldbredimus

Reisdorf

Bech

Vichten

Boulaide

Winseler

Nommern

Ell

Heffingen

Goesdorf

Bourscheid

Bous

Préizerdaul

Biwer

Waldbillig

Berdorf

Useldange

Stadtbredimus

Lenningen

Schieren

Lac de la Haute-Sûre

Weiswampach

Consdorf

Flaxweiler

Vianden

Tandel

Manternach

Larochette

Garnich

Colmar-Berg

Feulen

Mertzig

Dalheim

Erpeldange-sur-Sûre

Weiler-la-Tour

Reckange-sur-Mess

Koerich

Vallée de l'Ernz

Leudelange

Beckerich

Beaufort

Bettendorf

Redange-sur-Attert

Esch-sur-Sûre

Wormeldange

Lintgen

Bissen

Troisvierges

Rosport - Mompach

Sandweiler

Parc Hosingen

Remich

Contern

Kopstal

Betzdorf

Schuttrange

Lorentzweiler

Dippach

Helperknapp

Wincrange

Rambrouch

Mertert

Frisange

Habscht

Schengen

Grevenmacher

Mondorf-les-Bains

Steinsel

Clervaux

Rumelange

Steinfort

Echternach

Kehlen

Niederanven

Roeser

Mondercange

Diekirch

Wiltz

Junglinster

Walferdange

Bertrange

Ettelbruck

Kayl

Mersch

Mamer

Strassen

Käerjeng

Schifflange

Bettembourg

Hesperange

Sanem

Pétange

Dudelange

Differdange

Esch-sur-Alzette

Luxembourg

  • Proporzgemeng: Populatioun vu méi wéi 3.000 Awunner
  • Majorzgemeng: Populatioun vu manner wéi 3.000 Awunner
Olá

Ech gi méi iwwer meng Gemeng an de Walsystem op dëser Internetsäit vun der ASTI gewuer

(Letz Vote ass en Outil vun eisem Partner ASTI)

Wéi wielen ech a menger Gemeng?

(En Dokument vun eisem Partner CEFIS)

Wie wielen ech? A wéi eng Parteie ginn et zu Lëtzebuerg?

(en Dokument vun eisem Partner CEFIS)