Ech wëll mech an d’Wielerlëschten androe loossen. Fir mech kënnen anzedroen, muss ech just e puer Konditiounen erfëllen.

Jepeuxvoter.lu
  • Ech hunn 18 Joer den Dag vun de Walen.
  • Ech kann zu all Moment (mee spéitstens 55 Deeg virum Dag vun de Gemengewalen) an de Biergerzenter vu menger Gemeng goen, fir mech androen ze loossen.
  • Ech hu weeder d’Walrecht a mengem Heemechtsland nach zu Lëtzebuerg verluer. Ech gouf net wéinst engem Verbrieche verurteelt. Ech gouf net wéinst enger Strofdot verurteelt, wéinst där de Riichter mir och d’Walrecht* entzunn huet.

* Wichteg: Ech kann awer wiele goen, wann ech mäi Walrecht a mengem Heemechtsland oferkannt krut, well ech op Lëtzebuerg geplënnert sinn.

Prinzipiell kann ech och weiderhin a mengem Heemechtsland wielen. Fir sécherzegoen, informéieren ech mech bei der Ambassade oder dem Konsulat vu mengem Heemechtsland.

 

  • Info: Ech hunn en duebelt Walrecht: Ech ka fir d’Kandidate stëmmen, déi sech fir d’Wal opsetzen. Ech ka mech awer och selwer als Kandidat fir d’Gemengewalen opsetzen.
  • Wann ech mech androen, da gëtt aus mengem Walrecht eng Walflicht, dat heescht, ech muss wiele goen.
Jepeuxvoter.lu