Jepeuxvoter.lu

Ech mellen mech bei der #Gemengeverwaltung un

Ech kann ab elo a bis spéitstens 55 Deeg virum Dag vun de Walen bei d’Gemengeverwaltung vun mengem Wunnsëtz goen an huelen e valabelt Identitéitsdokument mat (Carte d’Identité, Pass). 

  • Am Virfeld vun de Walen, maache verschidde Gemenge hier Büroen ausserhalb vun de normale Schaffdeeg op fir datt auslännesch Matbierger sech an d’Wielerlëschten aschreiwe kënnen.
  • Wann ech eng Kéier ageschriwwe sinn, ginn ech automatesch fir déi nächst Walen ageschriwwen a muss dann obligatoresch wielen. Wann ech plënneren, ass den Transfert op d’Wielerlëschte vu menger neier Wunngemeng automatesch.
  • All auslännesche Wieler kann ufroen, vun der Wielerlëscht erofgeholl ze ginn.
  • Bréifwal ass och méiglech.

Opgepasst :

Als EU-Bierger ass et méiglech, mech gläichzäiteg fir d’Gemengen- a fir d‘Europawalen anzeschreiwen. Dat sinn zwou verschidde Wielerlëschten an ech muss mech fir béid Lëschten separat aschreiwen.

Ech schreiwe mech # online an

Ech hunn d’Méiglechkeet, mech schon elo, a spéitstens bis 55 Deeg virun de nächste Walen mat mengem Luxtrust-Zertifikat elektronesch iwwer MyGuichet.lu anzeschreiwen.

Mäi Luxtrust-Produit hei aktivéieren

  • Dës Demarche kascht mech nëmmen e puer Minutten an erspuert mir en Deplacement bei d’Gemengeverwaltung vu mengem Wunnsëtz.

  • Wéi mellen ech mech online un? Dësen Tutorial vu Guichet.lu féiert mech Schrëtt-fir-Schrëtt duerch meng Online-Demarche:
  • Opgepasst : Mäi Luxtrust-Produit muss en aktivéierten Zertifikat hunn.

Mäi Luxtrust-Zertifikat hei aktivéieren

Jepeuxvoter.lu