Wéi wielen?
Waldag
Den Dag vun de Walen ass jiddereen, dee sech an d’Wielerlëschte vum Grand-Duché agedroen huet, opgeruff, stëmmen ze goen a seng politesch Vertrieder ze wielen. Ech muss wiele goen, wann ech mech op eng Wielerlëscht agedroen hunn.
- Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn.
- D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.
Den Dag vun de Wale muss ech:
- Tëschent 8.00 a 14.00 Auer an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn, goen.
- E gültegt Ausweisdokument (Carte d’identité, Pass, Openthaltsgeneemegung oder Openthaltskaart) mathuelen.
- Duerno muss ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.
- Wéivill Memberen ee Gemengerot huet, hängt vun der Unzuel vun den Awunner vun enger Gemeng of. Je no Awunnerzuel kënnen et 7, 9, 11, 13, 15, 17 oder 19 Memberen an engem Gemengerot ginn. An der Stad Lëtzebuerg sinn et der 27.
All d’Walbüroe maachen um 14 Auer zou.
Bréifwal
Ech kann eng Demande fir d’Bréifwal maachen.
D’Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech agedroe sinn:
- fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn,
- fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.
- Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal online op MyGuichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder op engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).
Walsystem
Fir d’Gemengewale ginn et 2 Walsystemer:
1. An enger Gemeng mat manner ewéi 3.000 Awunner
- An de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt no dem System vun der relativer Majoritéit („Majorzgemeng“) gewielt.
- Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi an de Gemengerot gewielt musse ginn.
- Ech gi meng Stëmm of, andeems ech e Kräiz (+ oder x) an d’Case no dem Numm vun engem oder méi Kandidate maachen, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
2. An enger Gemeng mat iwwer 3.000 Awunner
- A Gemenge mat mindestens 3.000 Awunner gëtt mat Lëschten an engem proportionale Walsystem („Proporzgemeng“) gewielt.
- Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi gewielt musse ginn.
- Ech kann all Kandidat eng oder zwou Stëmme ginn, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
- All Kräiz (+ oder x) an enger vun den zwou reservéierte Casen hannert dem Numm vun de Kandidaten entsprécht enger Stëmm fir dëse Kandidat.
- Ech kann och panaschéieren*, dat heescht, ech verdeele meng Stëmmen op déi verschidde Kandidaten aus de verschiddene Parteien. Ech kann all Kandidat 1 oder 2 Stëmme ginn.
- Ech kann och déi ganz Lëscht vun enger politescher Partei wielen, andeems ech mäi Kräiz (+ oder x) an d’Case direkt ënnert den Numm vun der politescher Partei maachen. Esou kritt dës politesch Partei all meng Stëmmen.
Saeul
Wahl
Putscheid
Grosbous
Kiischpelt
Fischbach
Waldbredimus
Reisdorf
Bech
Vichten
Boulaide
Winseler
Nommern
Ell
Heffingen
Goesdorf
Bourscheid
Bous
Préizerdaul
Biwer
Waldbillig
Berdorf
Useldange
Stadtbredimus
Lenningen
Schieren
Lac de la Haute-Sûre
Weiswampach
Consdorf
Flaxweiler
Vianden
Tandel
Manternach
Larochette
Garnich
Colmar-Berg
Feulen
Mertzig
Dalheim
Erpeldange-sur-Sûre
Weiler-la-Tour
Reckange-sur-Mess
Koerich
Vallée de l'Ernz
Leudelange
Beckerich
Beaufort
Bettendorf
Redange-sur-Attert
Esch-sur-Sûre
Wormeldange
Lintgen
Bissen
Troisvierges
Rosport - Mompach
Sandweiler
Parc Hosingen
Remich
Contern
Kopstal
Betzdorf
Schuttrange
Lorentzweiler
Dippach
Helperknapp
Wincrange
Rambrouch
Mertert
Frisange
Habscht
Schengen
Grevenmacher
Mondorf-les-Bains
Steinsel
Clervaux
Rumelange
Steinfort
Echternach
Kehlen
Niederanven
Roeser
Mondercange
Diekirch
Wiltz
Junglinster
Walferdange
Bertrange
Ettelbruck
Kayl
Mersch
Mamer
Strassen
Käerjeng
Schifflange
Bettembourg
Hesperange
Sanem
Pétange
Dudelange
Differdange
Esch-sur-Alzette
Luxembourg
- Proporzgemeng: Populatioun vu méi wéi 3.000 Awunner
- Majorzgemeng: Populatioun vu manner wéi 3.000 Awunner
Ech gi méi iwwer meng Gemeng an de Walsystem op dëser Internetsäit vun der ASTI gewuer
(Letz Vote ass en Outil vun eisem Partner ASTI)
Wéi wielen ech a menger Gemeng?
(En Dokument vun eisem Partner CEFIS)
Wie wielen ech? A wéi eng Parteie ginn et zu Lëtzebuerg?
(en Dokument vun eisem Partner CEFIS)