All Gemeng huet ee Gemengerot, dee sech aus dem Buergermeeschter, de Schäffen an de Gemengeconseilleren zesummesetzt. Si ginn all sechs Joer direkt vun den Awunner aus der Gemeng gewielt.

Jepeuxvoter.lu

All Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, kënne bei de Gemengewale kandidéieren.

Als Net-Lëtzebuerger mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg kann ech Kandidat fir d’Gemengewale ginn an ech ka fir Gemengeconseiller, Buergermeeschter oder Schäffe gewielt ginn.

 

Fir bei de Gemengewalen ze kandidéieren, muss ech:

  • Am Besetz vu menge Biergerrechter sinn an dierf net mäi passiivt Walrecht zu Lëtzebuerg oder a mengem Heemechtsland verluer hunn.*
  • Um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn.
  • Mäin übleche Wunnsëtz an der Gemeng hunn an zum Zäitpunkt vum Androe vu menger Kandidatur säit op mannst 6 Méint virrangeg an dëser Gemeng wunnen.

Weider Informatiounen op guichet.lu

* Opgepasst: Dës Konditioun ka mir allerdéngs net entgéintgehale ginn, wann ech a mengem Heemechtsland dat passiivt Walrecht doduerch verluer hunn, well ech mäi Wunnsëtz an en anert Land verluecht hunn.